
Duerch de Verdacht, datt déi dräi Männer am Drogenhandel schaffen, goufen op Uerder vum Parquet Perquisitiounen duerchgefouert. Dës ware positiv verlaf an déi relevant Géigestänn goufe saiséiert.
Am Ganze goufe beim Asaz nieft enger gréisserer Zomm Boergeld, eng 733,9g Haschisch, 50g Crystal Meth, 2,5g Kokain an illegal Waffe wéi Messer a Matraquë séchergestallt.
De Parquet huet ordonéiert déi dräi Verdächtegt festzehuelen an e Freideg virun den Untersuchungsriichter ze bréngen.