Coronavirus zu Lëtzebuerg3 weider Doudesaffer, 549 nei Fäll bei 2.351 Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 979 geklommen ass.
© RTL

Aktuell sinn 67 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 11 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.255.313 Impfdosisse genotzt.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 107,80 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 78,06 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,81. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

Neierdéngs féiert d’Santé an hirem Dagesrapport och Donnéeën iwwert Reinfektiounen un. Als Reinfektioun gëllen zwee positiv PCR-Tester, tëschent deenen op d’mannst 90 Deeg leien. Ënnert den um Méindeg registréierten Infektiounen goufen et 58 Reinfektiounen, eng 8,22 Prozent, wéi d’Santé mellt.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO