
Den DP-Deputéierte Gusty Graas wollt den Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber wëssen, wéi no der Reouverture dat neit Konzept géing funktionéieren.
30 vu 36 Leit, déi an engem Gesondheetsberuff an der Maternité schaffen, hätten eng Formatioun gemaach an der neonataler Reanimatioun. Déi aner 3 géingen dat och nach maachen an 3 weiderer wieren am Krankeschäin, sou d’LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert an hirer Äntwert.
8 vun 10 Gynekologen hätten doriwwer eraus d’Formatioun, an all d’Anästhesisten. Eng Télé-Expertis oder en Transport op d’Intensivstatioun an de Service neonatal hätt een awer zum Gléck nach net musse maachen.