
Aktuell sinn 39 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit ee Patient op der Intensivstatioun. D’Santé mellt 311 Neiinfektiounen an zousätzlech 176 Reinfektiounen, en Total vu 487. Als reinfizéiert gëlle Leit, bei deenen op d’mannst 90 Deeg tëscht zwee positive PCR-Tester louchen.
Am Ganze goufe bis ewell 1.292.671 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 177 waren ergänzend Dosen, sechs Persoune kruten eng éischt Sprëtz an dräi goufen e Méindeg fir d’zweet geimpft.
D’Reproduktiounszuel läit bei 1,10. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.