
Aktuell sinn 42 Persounen hospitaliséiert, dovunner leien zwee Patienten op der Intensivstatioun. D’Santé mellt 318 Neiinfektiounen an zousätzlech 209 Reinfektiounen, en Total vun 527. Als reinfizéiert gëlle Leit, bei deenen op d’mannst 90 Deeg tëscht zwee positive PCR-Tester louchen.
Am Ganze goufe bis ewell 1.292.614 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 63 waren ergänzend Dosen, zwou Persoune kruten eng éischt Sprëtz a kee gouf e Méindeg fir d’zweet geimpft.
D’Reproduktiounszuel läit bei 0,99. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.