Fir si gouf den "Noël de la Rue" organiséiert.
Déi lescht Jore war dat um Fieldgen, mä well de Sall do ze kleng gouf, war d'Fest an de fréieren Ausstellungshalen um Lampertsbierg.
Bei entspaanter Atmosphär gouf an der Victor Hugo-Hal Chrëschtdag gefeiert. 350 Leit, déi net op der Sonnesäit vum Liewe stinn, koumen der Invitatioun no.
D’Plaz um Fieldgen, wou zënter 2011 Noël de la Rue organiséiert gouf, ass ze kleng ginn. Um Lampertsbierg gouf elo eng nei Heemecht fir dësen Event fonnt.
Duerch dës nei Plaz gouf och de Besoin u Benevoller méi grouss. 85 Leit ware fir de gudden Zweck aktiv.
