Weltdag vun de Verkéiersaffer36 Mënschen am Verkéier ëmkomm 2018, AVR schwätzt vu katastrophalem Bilan

RTL Lëtzebuerg
36 Mënsche koumen 2018 op de Lëtzebuerger Stroossen ëm d'Liewen. D’"Association des Victimes de la Route" schwätzt vun engem katastrophale Bilan.
Weltdag vun de Verkéiersaffer
36 Mënsche koumen 2018 op de Lëtzebuerger Stroossen ëm d'Liewen. D’"Association des Victimes de la Route" schwätzt vun engem katastrophale Bilan.

Obschonns déi zoustänneg Akteure vill Aarbecht an Energie an d’Verkéiers-Sécherheet gestach hunn.

D’Ursaache vun den Accidenter bleiwen déi nämmlecht. Virun allem héich Vitess, geféierlecht Fuerverhalen, Alkohol an Drogen. Dowéinst fuerdert d’Associatioun eng Debatt an der Chamber fir verschiddene Pisten nozegoen an ee Konsens ze fannen.     
        
Donieft gouf un déi 9 Motorradsfuerer geduecht, déi zejoert hiert Liewen op de Stroosse verluer hunn. Déi zoustänneg Akteuren aus dem Beräich hate Proposen un de Minister François Bausch gemaach, fir d’Situatioun ze verbesseren. Doropshin goufen dës ëmgesat, esou d’AVR. Et misst awer nach méi sensibiliséiert ginn, ier datt d'Saison vun de Motarden nees ugeet.

D’Associatioun ënnerstëtzt Famillje vu Verkéiersaffer. Ënnert anerem mat Hëllef vu enger psychologescher a sozialer Begleedung. Der AVR no dauert d’Betreiung an deene meeschte Fäll awer laang, wat d’Associatioun un hir Limitten bréngt. Aktuell huet se 300 Memberen an all Joers ginn 100 nei Familljen betreit.

Back to Top
CIM LOGO