Coronavirus zu Lëtzebuerg386 Neiinfektiounen an 288 Reinfektioune bei 2.021 PCR-Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.171 bliwwen ass.
© RTL Archivbild

Aktuell si 37 Persounen hospitaliséiert, dovunner leien zwee Patienten op der Intensivstatioun. D’Santé mellt 386 Neiinfektiounen an zousätzlech 288 Reinfektiounen. Als reinfizéiert gëlle Leit, bei deenen op d’mannst 90 Deeg tëscht zwee positive PCR-Tester louchen.

Am Ganze goufe bis ewell 1.292.512 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 265 waren ergänzend Dosen, zwou Persoune kruten eng éischt an eng Persoun eng zweet Sprëtz.

D’Reproduktiounszuel läit bei 0,98. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO