Iwwert de Weekend4.550 Neiinfektiounen, 4 Doudesaffer, 71 Covid-Patienten am Spidol

RTL Lëtzebuerg
D'Informatioune vun der Santé e Méindeg weisen, datt an de leschten 72 Stonne 4.550 Neiinfektioune registréiert goufen.
© RTL-Grafik

D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.

An de leschten Deeg sinn 4 Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d’Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 952.

Bannent de leschten 72 Stonne goufen et 4.550 positiv Fäll bei 11.875 Tester. Dës Zuel gouf aus de Grafike geholl, well d’Date vun den PCR-Tester sech hei vun deenen aus dem Dagesrapport ënnerscheeden.

134 nei Fäll goufen e Sonndeg registréiert. E Sonndeg louch den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte bei 35,95 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 14,94 op 100.000.

Den Ament sinn 71 (+10) Persounen hospitaliséiert, dovunner 8 (-2) Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.227.674 Impf-Dosisse genotzt, 459.360 Leit gëllen als komplett geimpft.

Aktuell ginn et 30.762 aktiv Infektiounen, 126.271 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,88. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO