
Zu Donkels ass kuerz viru 17 Auer en Auto an e Bam gerannt.
Zu Déifferdeng sinn zwee Autoen net laanschtenee komm.
Zu Colmer-Bierg ass géint 18.15 Auer en Auto an eng Mauer geknuppt an zu Haassel huet et géint 19 Auer tëscht zwee Gefierer gerabbelt.
Bei deene véier Accidenter gouf et all Kéier ee Blesséierten.