
Eng Persoun gouf verwonnt, de Samu vun Ettelbréck war ënnert anerem am Asaz.
Géint 19.45 Auer an der Stad a kuerz virun 23 Auer um CR309 bei Ierpeldeng gouf et jeeweils een Accident. A béide Fäll ass et beim Materialschued bliwwen.
Zu Rued-Sir koum et géint 23.30 Auer an der Rue du Cimetière zu engem weidere Virfall. Hei ass en Automobilist mat sengem Won an eng Mauer gerannt. De CGDIS mellt ee Verwonnten.