Brigange si mat Gewalt virgaangen4 arméiert Iwwerfäll op Prostituéiert a Clienten am November

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Parquet an engem Schreiwes matdeelt, wier net gezéckt ginn, fir mat Gewalt virzegoen. D'Iwwerfäll sinn alleguerten a Stater Appartementer geschitt.

Net manner wéi 4 arméiert Iwwerfäll goufen et de leschte Mount iwwer a Stater Appartementer géint Prostituéiert an hir respektiv Clienten.

An allen Fäll waren et 3 Brigangen, déi fir dës Iwwerfäll responsabel waren, a Bijouen, Suen, grad wéi Handye geklaut hunn.

Wéi de Parquet an engem Schreiwes matdeelt, wier net gezéckt ginn, fir mat Gewalt virzegoen.

A Kooperatioun mat auslännesche Police-Zerwisser ass et der Police judiciaire, zesumme mam Cabinet vum Untersuchungsriichter an dem Parquet, gelongen, déi 3 Persounen z'identifizéieren, déi all Kéiers aus dem Ausland an d'Stad gefuer koumen, fir dunn d'Prostituéiert an hier Clienten z'iwwerfalen.

"En flagrant délit" konnte Police-Unitéite rezent déi 3 schëlleg Männer an engem Stater Appartement verhaften, grad wéi en Auto an zwou Pistoule saiséieren.

Op Uerder vum Untersuchungsriichter koumen déi 3 Brigangen an Untersuchungshaft. Am Ausland konnte bei Perquisitiounen zwee Autoen a geklauten Objete saiséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO