Op eise Stroossen4 Blesséierter bei 3 Accidenter an e Chauffer, deen Zickzack fiert

RTL Lëtzebuerg
D'Police wéi och de CGDIS waren an der Nuecht op e Samschdeg méi dacks am Asaz.
© RTL (Archiv)

Am Lokale gouf et e Freideg den Owend zwee Accidenter. Um 18 Auer gouf eng Persoun blesséiert, wéi tëscht Féiz a Schëffleng en Auto an e Bam gerannt ass an an der Lëtzebuergerstrooss zu Colmer sinn zwee Leit blesséiert ginn, wéi do zwee Autoen anenee gerannt sinn.

E Freideg am Nomëtteg hat et dann och nach tëscht Rammerech a Bungeref gerabbelt, wéi eng Fra d'Kontroll iwwert hire Won verluer hat. Firwat ass bis ewell net kloer, ma si ass dunn eng Kopp eropgefuer an huet sech mam Auto iwwerschloen. Si gouf dobäi schwéier um Aarm blesséiert.

An der Nuecht dann huet e Chauffer tëscht Lenzweiler an dem Antoniushaff mussen eng Alkoholkontroll iwwert sech ergoe loossen. Dat, nodeems de Police-Beamten d'Gefier opgefall war, dat am Zickzack gefuer ass. An effektiv war den Test positiv an de Permis gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO