CGDIS4 Blesséierter bei 4 Accidenter um Donneschdeg de Mëtteg

RTL Lëtzebuerg
Zu Äischen, Déifferdeng, Waasserbëlleg an zu Diddeleng koum et zu Accidenter, bei deenen et all Kéiers 1 Blesséierte gouf.
© CGDIS

Kuerz no 12 Auer waren zu Äischen zwee Gefierer net laanschtenee komm.

Géint 15.30 Auer sinn zu Déifferdeng 3 Autoen anenee gerannt.

Quasi ëm déi selwecht Zäit ass zu Waasserbëlleg en Auto op der Kopp gelant

Géint 16.30 Auer du koum dunn nach en Accident tëscht 2 Autoen zu Diddeleng derbäi.

An alle Fäll gouf jeeweils eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO