
Wéi aus dem Bulletin vum CGDIS ervirgeet, goufen hei 4 Persoune blesséiert. D’Ambulanze vu Clierf, Rammerech, Réiden a Wolz, de Samu vun Ettelbréck an d’Pompjeeë vu Wolz an aus der Stauséigemeng waren op der Plaz.
Iwwerdeems mellt de CGDIS, dass géint 11.45 Auer en Auto zu Eppelduerf en Auto accidentéiert ass, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. D’Ambulanz aus der Nordstad an d’Pompjeeë vu Miedernach, Iermsdref a Reisduerf waren hei am Asaz.