CGDIS4 Blesséierter bei Accident tëscht Ettelbréck an Ierpeldeng

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt zwee Accidenter en Donneschdeg den Owend, bei deenen och all Kéiers de SAMU am Asaz war.

En Donneschdeg den Owend kuerz no 19 Auer kruten zwee Autoe sech op der Diddelenger Autobunn a Richtung Frankräich tëscht Léiweng an dem Beetebuerger Kräiz ze paken. Eng Persoun gouf verwonnt.

Och ee Blesséierte gouf et bei engem Accident géint 21 Auer tëscht zwee Ween am Val Ste Croix um Belair.

Um 10.20 Auer krut de CGDIS da gemellt, datt sech tëscht Ettelbréck an Ierpeldeng en Auto an eng Camionnette ze pake kruten. Heibäi goufe véier Leit blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO