
D’Ambulanz vun Esch an d’Pompjeeë vu Monnerech waren hei am Asaz.
Kuerz no 19 Auer e Mëttwoch den Owend hat en Haus an der Rue de la Fonderie an der Stad ugefaange mat brennen. D’Stater Pompjeeën an d’Ambulanz aus der Stad waren op der Plaz. Et gouf kee blesséiert.
Géint 19.40 hat dann e Kamäin an der Rue de l’Ecole um Briddel gebrannt. D’Pompjeeë vu Koplescht a Mamer an d’Ambulanz vu Mamer waren am Asaz.
En Donneschdeg géint 16.30 Auer koum et zu Esch an der Rue J. Kieffer zu enger Kollisioun mat zwee Gefierer. De CGDIS mellt 4 Blesséierter.