CGDIS4 Blesséierter bei Accident zu Huldang, 1 dovunner méi uerg

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch kuerz no 19 Auer koum et op der Stawelerstrooss zu Huldang zu enger Frontalkollisioun tëscht 2 Autoen.

Ee Chauffer gouf schwéier blesséiert an huet mussen no enger éischter Behandlung op der Plaz an d’Spidol bruecht ginn.

2 weider Persoune koumen och an d’Spidol an eng aner gouf nach op der Plaz medezinesch versuergt.

De Miess- an Erkennungsdéngscht gouf op d’Plaz geschéckt, fir déi genee Ëmstänn vum Accident ze klären.

4 Ambulanzen an 2 Samue waren op d’Plaz geruff ginn, grad ewéi d’Pompjeeë vu Wäiswampech, Ëlwen a Clierf.

Back to Top
CIM LOGO