
Géint 2.30 Auer an der Nuecht op e Samschdeg gouf et ee méi uergen Accident zu Colmer-Bierg an der Ettelbrécker Strooss an deen zwee Autoe verwéckelt waren. Eng Persoun gouf do méi schwéier verwonnt an huet missen aus dem Auto gebuerge ginn. Déi aner Persoun gouf méi liicht blesséiert. Béid koumen an d'Spidol. De Parquet huet béid Autoe saiséiere gelooss, well et bis ewell nach net ganz kloer ass, wéi et zum Accident komm ass.
Géint 19.30 Auer e Freideg den Owend da sinn zu Rodange an der Lonkecher Strooss och 2 Autoen net laanschtenee komm. Do blouf et awer bei zwee liicht Blesséierten.