Héicht Bloen Eck4 Blesséierter no Accident op der Streck Steeën-Dikrech

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg um 7.45 Auer koum et op der N14 zu engem Accident, an dat 3 Gefierer involvéiert waren. D'Streck war bis kuerz no 10 Auer komplett gespaart.
© Domingos Oliveira / RTL

E Chauffer, deen eleng a sengem Auto vu Folkendeng iwwer d'N4 Direktioun Steeën fuere wollt, hat e Won mat enger Persoun iwwersinn, deen aus Richtung Dikrech op der Virfaartsstrooss ënnerwee war. D'Automobilistin konnt d'Kollisioun net méi verhënneren an ass an den 1. Auto gerannt. Dësen ass géint en 3. Gefier mat 2 Persounen gedréckt ginn, deen op d'N14 abéie wollt.

Tëschenzäitlech hat de CGDIS gemellt, dass 4 Gefierer an den Accident verwéckelt waren, d'Police schwätzt awer vun 3.

1 Automobilist an 1 Automobilistin hu misste vun de Rettungsekippen aus hirer Gefierer befreit ginn a goufen dono an d'Spidol bruecht. Béid Persounen, déi am 3. Won souzen, goufe fir eng medezinesch Kontroll an d'Klinick bruecht. Kee Mënsch gouf schwéier blesséiert.

Op der Plaz waren 3 Ambulanzen (Fiels, Ettelbréck, Dikrech), de Samu, grad ewéi d'Pompjeeë vun Dikrech, Iermsdref, der Fiels a Miedernach. Kuerz virun 10.30 Auer koum d'Meldung, dass d'Streck geraumt wier an nees fir den Trafic géif opgoen.

Kuerz virun 8 Auer gouf et dann op der Route de l'Europe zu Réimech en Accident mat 2 Autoen. Hei goufen 2 Persoune blesséiert. D'Pompjeeën an d'Ambulanz vu Réimech waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO