Police4 Führerschäiner bei Kontrollen zu Rolleng/Miersch agezunn
E Mëttwoch gouf et zu Rolleng an zu Miersch op der N7 op Uerder vum Parquet Alkoholkontrollen. 398 Chauffere goufen tëscht 20 an 22.30 Auer kontrolléiert.
Verëffentlecht: 11.04.19 10:32, Update: 08.12.25 13:01
An 12 Fäll war den Test positiv. 4 Führerschäiner huet d'Police missen op der Plaz anzéien.