Mann festgeholl40 Gramm Haschisch an 100 Gramm Marihuana séchergestallt

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend géint 20.30 Auer gouf d'Police an ee Café am Garer Quartier geruff.
© Police Lëtzebuerg

Hei war nämlech e Mann vun der Besëtzerin vum Café opgefuerdert ginn, ze goen, dëst huet hien awer net gemaach. Bei der Kontroll vum Mann huet d'Police 40 Gramm Haschisch an 100 Gramm Marihuana séchergestallt.

Op Uerder vum Parquet sinn d'Drogen, Boergeld an den Handy saiséiert ginn an de Mann koum virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO