Covid-Kontrolle vun der Police40 Kontrollen am Horeca-Secteur an a Supermarchéen an enger Woch

RTL Lëtzebuerg
Ier déi nei, méi souple Covid-Restriktiounen dëse Freideg an der Chamber gestëmmt ginn, mécht d’Police weider Kontrollen um Terrain.
© RTL

Esou goufen d’lescht Woch eng 40 Kontrollen am Domaine vum Horeca-Secteur, mä och an Akafszentren gemaach.

5 Persoune goufen dann och a Supermarchéen erwëscht, well se hir Masken net unhaten. Si goufe protokolléiert.

Dann goufen et eng hallef Dose Rapporte vun der Police, well sech Bistroen a Restauranten net un d’Spärstonn vun 23 Auer gehalen haten.

Back to Top
CIM LOGO