
Phishing Attacken an Arnaquë suerge weltwäit fir Schied a Milliardenhéicht: Et ginn zeg Aart a Weisen, wéi déi Onéierlech hir Affer beducksen, sief dat duerch E-Mailen, geklauten Donnéeën oder och Bankkaarten. Fir déi geklaute Sue wäiss ze wäschen, kommen dacks sougenannte Money Mules an d’Spill.
Bis datt déi geklaute Sue beim Kriminellen um Konnt ukommen, mussen déi fir d’éischt emol wäiss gewäsch ginn. De Kriminelle selwer ass nämlech ni den direkte Beneficiaire vun dëse Suen: Dofir rekrutéieren déi Onéierlech no engem Bedruch sougenannte Money Mules, also Privatpersounen, déi hire Konnt am Géigenzuch vun enger Kommissioun zur Verfügung stellen, wéi de Procureur d’Etat vum Stater Parquet David Lentz preziséiert.
“Dee kritt dann 10.000, 20.000, 50.000, 100.000 Euro iwwerwisen an e behält seng Kommissioun dofir zréck. A wat soll hie mat deene Sue maachen? Ma a Kryptowärung ëmänneren, op en anere Kont iwwerweisen, d’Suen ophiewen, respektiv e muss kucken, datt en déi Sue wäiss wäscht. Dat heescht, et ass dee leschte Maillon an der Chaîne, mee ee weesentleche Maillon, fir dee ganze Bedruch kënnen ze maachen.”
Dës Money Mules ginn dacks iwwer déi sozial Reseaue rekrutéiert a si meeschtens méi jonk. Och wa se net fir de Bedruch u sech responsabel sinn, maache si sech duerch hir Aktivitéit strofbar, a kënne méi liicht vum Parquet retracéiert ginn.
“D’Money Mules hunn de Kont zur Verfügung gestallt, do kann ee relativ liicht deen identifizéieren, do gëtt et kee Pardon, dat ass en Element vun där ganzer, vun deem ganze Bedruch, géint dee gi mer vir. En huet säi Kont zur Verfügung gestallt an da muss en och d’Responsabilitéiten dofir droen.”
An dës Responsabilitéit ka mat engem bis zu 5 Joer Prisong bestrooft ginn, donieft ginn et Geldstrofe vun 1.250 bis 1.250.000 Euro, an der Persoun hir Privatsaache gi saiséiert, fir de Schued ze kompenséieren. Iwwer 80 Enquêtë sinn den Ament am gaangen, 700 Leit hu Plainte gemaach. D’lescht Joer konnte 40 Money Mules verhaft ginn an de Schued war och net kleng.
“De Schued, dee gemaach ginn ass, ass 10.200.000 Euro, verluer gaange sinn 8.600.000 a mir konnte recuperéieren 1.600.000 Euro.”
De Phenomen wier net ze ënnerschätzen: Dofir och den Appell vum David Lentz, fir sensibel Donnéeën, wéi Bankkaarten, Luxtrust-Certificaten a Passwierder ni virunzeginn a bei suspekten E-Mailen an Uriff opzepassen.
Donieft soll een och am Fall vun engem Bedruch direkt alleguerten d’Konnte späre loossen an eng Plainte bei der Police maachen.