Orange Week400 Leit bei Marsch géint Gewalt géint Fraen

RTL Lëtzebuerg
Haislech Gewalt ass och e Problem zu Lëtzebuerg. 739 Mol hat d’Police d'lescht Joer missen a Stéit agräifen. Also an der Moyenne 2 Mol den Dag.
400 Leit bei Marsch géint Gewalt géint Fraen an der Stad
Haislech Gewalt ass och e Problem zu Lëtzebuerg. 739 Mol hat d’Police d'lescht Joer missen a Stéit agräifen. Also an der Moyenne 2 Mol den Dag.

An 231 Fäll koum et zu Expulsioune, wou de Partner d’Doheem huet misse verloossen. Meeschtens sinn d’Affer Fraen a Meedercher. Vill leide laang bis si sech trauen Hëllef ze ruffen. Fir op d’Tabuthema a seng Affer opmierksam ze maachen, war e Samschdeg e Solidaritéitsmarsch an der Stad.

"Nee zur Gewalt géint Fraen a Meedercher", dat war de Slogan vun dësem Marsch am Kader vun der Orange Week. An där weltwäit mat der Faarf Orange op d’Problematik opmierksam gemaach gëtt. Eng 400 Leit sinn e Samschdeg de Moie vum Glacis aus matgetrëppelt.

Gewalt géint Fraen a Meedercher ass nach ëmmer en Tabuthema, d’Affer schumme sech dacks fir dat wat hinne widderfuer ass. Dofir wär et esou wichteg hinnen op dës Aart a Weis eng Stëmm ze ginn, esou d’Danielle Backer-Bauer vum Nationale Fraerot. Déi fuerdert, de Problem un der Wuerzel unzepaken.

D'Danielle Backer-Bauer vum Nationale Fraerot: Mir musse ganz vill Opklärungsaarbecht an de Schoule maachen. Et ass eng Saach vu Respekt vu sengem Géintiwwer. Et ass eng Saach, déi och vläicht am Wäerteunterrecht misst eng Plaz fannen.

Méi Plazen an de Fraenhaiser, e besseren Accès zu sozialem Logement an d’Schafe vun engem Regëster vun de Feminicides, also dem Mord u Fraen. Dat si weider Revendicatiounen, déi op der Clairefontainesplaz gemaach goufen. A Presenz vun der Grande-Duchesse Marie Teresa, déi sech jo och géint Gewalt géint Fraen asetzt, an dëst Joer de Patronage vun der Orange Week iwwerholl huet.

D'Grande-Duchesse: Le combat que je mène pour les femmes victimes de violences sexuelles à travers le monde par le forum ne fait que renforcer mon engagement à l’égard des femmes ici à Luxembourg.

Vill Messagë waren op dëser Manifestatioun ze liesen. Ma et gouf och eng kloer Kritik un der Gesellschaft, déi sech misst a Fro stellen.

De Maurice Bauer, Stater Schäffe fir Chancëgläichheet: A wéi enger Gesellschaft liewe mer, dass wa mer hei eng Petitioun géint Gewalt u Frae lancéieren, déi no 4 Wochen nëmme 1.700 Ënnerschrëfte kréien. Op der anerer  Säit hu mer awer all Joer méi wéi 700 Interventioune vun der Police wéinst haislecher Gewalt. Also do si fir mech d’Proportiounen déi net méi ganz stëmmen.

Bis den 10. Dezember nach ginn eng sëllegen Aktiounen organiséiert, fir am Kader vun der Orange Week op Gewalt géint Fraen opmierksam ze maachen, a virun allem och opzeklären.

 

Back to Top
CIM LOGO