Iwwert de Weekend401 Neiinfektioune bei 2.696 PCR-Tester, 3 weider Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 3 op 1.175 geklommen ass.

D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg. Dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.

Aktuell si 44 Persounen hospitaliséiert, dovunner leien zwee Patienten op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.292.606 Impfdosisse genotzt.

D’Reproduktiounszuel läit bei 0,98. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

E Freideg goufen 227 leit positiv getest, e Samschdeg 153 an e Sonndeg waren et 21 positiv PCR-Tester. D’Santé deelt ausserdeem mat, datt dobäi e Sonndeg nach 6 Leit positiv getest goufen, déi viru méi wéi 90 Deeg schonn emol eng Infektioun haten.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO