VermësstemeldungDéi 43 Joer al Andreia Do Nascimento Dos Santos gëtt gesicht

RTL Lëtzebuerg
D'Fra gëtt zënter en Dënschdeg géint 13:30 Auer vermësst. Si kéint sech am Raum Esch oder Schëffleng ophalen.
© Police

D'Fra ass tëscht 1,50 an 1,60 Meter grouss, vu méi staarker Statur an huet laang brong Hoer.

Wéi si verschwonnen ass, hat si e bordeauxrout Hiem, eng schwaarz Leggings an zwou ënnerschiddlech wäiss Strëmp un.

Persounen, déi Informatiounen hunn, gi gebieden, sech op der Nummer (+352) 244 57 1000 oder iwwer d'Mail police.portedusud@police.etat.lu ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO