CGDISWéinst Kollisiounen a Chutte gouf et e Mëttwoch de Mëtteg fënnef Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt tëscht 14 a 17 Auer véier Asätz, bei deene Leit blesséiert goufen.
© Jeannot Ries

En éischten Tëschefall gouf et tëscht Helfent an der Gréiwelsser Barrière kuerz no 14 Auer. Hei hate sech zwee Ween ze pake kritt. D'Rettungsekippe vu Mamer an aus der Stad hu sech ëm ee Blesséierte gekëmmert.

Zwou Stonne méi spéit hate sech zu Giewel e Motorrad an eng Camionnette ze pake kritt. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. D'Ekippe vu Stengefort-Käerch an aus der Stad wéi och de Samu aus der Stad waren hei am Asaz.

De Samu war dann och géint 16.40 Auer an d'Hollerecherstrooss geruff ginn, well hei eng Persoun mat enger elektrescher Trottinett gefall war.

Ongeféier zäitgläich waren d'Ekippe vun Housen e Clierf um CR324 am Asaz, well sech tëscht Housen an Uewereesbech zwee Ween ze pake kruten. Hei mellt de CGDIS zwee Blesséierter.

Back to Top
CIM LOGO