Nodeems déi Biisser sech am éischten Tour vun der Champions-League-Qualifikatioun mat zwou 1:2-Defaitë géint de Ferringer Vertrieder aus Klaksvík hu misse geschloe ginn an domadder den Dram vun der Champions League beim Atert-Veräin relativ séier ausgedreemt war, ass et en Dënschdegowend fir Biissen schonns direkt am zweeten Tour vun der Conference-League-Qualifikatioun weidergaangen. Do ass et géint den ungaresche Veräin ETO FC Györ gaangen, déi am éischten Tour vun der Champions-League-Qualifikatioun géint Vikingur Reykjavik aus Island de Kierzere gezunn haten.
Biissen huet en Dënschdegowend gutt an de Match fonnt a sech offensiv ëmmer nees gewisen, gouf awer vun de méi effizienten Ungaren an duerch e puer individuell Feeler haart bestrooft. Um Enn huet den ungaresche Champion ETO FC Györ sech kloer mat 6:2 géint den FC Atert Biissen duerchgesat. Virum Réckmatch ass d'Ausgangspositioun fir déi Biisser deemno denkbar schwéier, esou gi si en Donneschdeg an enger Woch mat enger grousser Hypothéik an de Réckmatch.
0:1 Bumba (12'), 1:1 Ferber (20'), 1:2 Vitális (24'), 1:3 Njie (43'), 1:4 Njie (47'), 2:4 Abi (75'), 2:5 Dukanović (83'), 2:6 Bánáti (90'+1)
Déi Biisser si gutt an de Match gestart an hu monter opgespillt. Si hunn den Tempo uginn a sech esou och e puer Chancen erausgespillt, ewéi an der 4. Minutt, wou eng Flank beim Ferber gelant ass, deen de Ball direkt op de Gol bruecht huet. De Petrás am ungaresche Gol hat allerdéngs gutt opgepasst a konnt de Ball op Käschte vun engem Corner klären. Mä Biissen ass weiderhi geféierlech bliwwen a konnt an der 9. Minutt duerch de Ferber nees e Schoss a Richtung géigneresche Gol lassloossen, mä op en Néits konnt de Petrás paréieren. Györ war bis dohi guer net am Match, mä sollt an der 12. Minutt du mam éischte Schoss op de Biisser Gol a Féierung goen: De Vladoiu huet eng Flank vu riets an de Strofraum geschloen, wou de Bumba op de Ball gelauert huet an et besser gemaach huet, ewéi de Ferber an der 4. Minutt op Biisser Säit. Äiskal huet de Stiermer vu Györ de Ball am Biisser Gol ënnerbruecht an de Score op 1:0 gestallt. Dëse sollt sech an der 20. Minutt dunn awer nees änneren. No engem ungaresche Ballverloscht an der eegener Hallschent ass de Ferber un de Ball komm, deen du vill Plaz an Zäit hat a sech doduerch en Häerz gefaasst huet, fir aus der Distanz ofzezéien. Säi fulminante Schoss ass u Mann a Maus laanschtgeflunn an ass hannert dem Petrás am Filet gelant. D'Freed op Biisser Säit war grouss, mä se war leider just vu kuerzer Dauer.
Schonns an der 24. Minutt louch den ungaresche Champion nämlech nees a Féierung. Et war de Vitális, deen en direkte Fräistouss an de Gol vu Biissen zierkele konnt. Dobäi huet den ungaresche Kapitän allerdéngs vun engem Feeler vum Dupire am Biisser Gol profitéiert, dee bei dësem Ball guer net gutt ausgesinn huet. Batter fir Biissen, dat deen Ament eigentlech gutt am Match war, mä zwee Mol äiskal vun de Profien aus Ungarn bestrooft gouf. Nom zweete Géigegol huet Györ de Match kontrolléiert, soudatt sech déi Biisser schwéier gedoen hunn, fir sech nees Chancen ze kreéieren. Just an der 43. Minutt ass et op Biisser Säit nach eng Kéier geféierlech ginn. Dëst nodeems de Ball no engem séiere Konter beim Abi gelant ass, deen aus gutt 16 Meter zu engem Lupfer ugesat huet, dee säin Zil allerdéngs ëm e puer Zentimeter verfeelt huet an um Gol gelant ass. D'Ungaren haten dogéint nach e puer gutt Occasiounen, mä weder de Bumba an der 29., nach de Schön an der 32. Minutt konnten de Ball mat hire Schëss am Gol vum Dupire ënnerbréngen. Allerdéngs sollt et net mat engem 1:2 op den Téi goen: An der 44. Minutt huet de Vladoiu nach eng Kéier eng Flank vu lénks an de Strofraum geschloen. Op dës huet den Njie gewaart, dee sech schéi fräi gelaf huet an de Ball mam éischte Kontakt flaach laanscht den Dupire zum 3:1 am Gol ënnerbruecht huet. Kuerz drop huet de waliseschen Arbitter Grifftith béid Formatiounen an d'Kabinne geschéckt.
Nom Téi war d'Mass du ganz séier gelies. An der 47. Minutt verléiert den Eddarraj de Ball un den Njie, deen dëse gutt recuperéiere kann an eleng a Richtung Gol marschéiert. Am Strofraum ukomm, zitt de Stiermer vu Györ of, mä trëfft de Ball net richteg, soudatt de Schoss u sech kee Problem fir den Dupire am Gol duerstelle sollt. Allerdéngs leet dëse sech säin zweet Ee vum Owend a säin Nascht, andeems de schwaache Schoss vum ungaresche Stiermer ënnert dem Golkipp duerchrullt an doduerch zum 4:1 am Filet lant. E schwaarzen Dag deemno fir de Biisser Golkipp. Dëse Géigegol huet déi Biisser Ekipp doropshin awer erwächt, déi dunn nees méi fokusséiert an zilstrebeg opgetrueden an esou zu Golchancë komm ass. Mä souwuel de Pimentel, ewéi och de Ferber an den Abi si mat hire Schëss um Petrás am ungaresche Gol hänke bliwwen, dee säin Job dësen Owend besser gemaach huet, ewéi säi Géigestéck am Biisser Gol.
No dëser kuerzer Drangphas war de Rimm vum Match erof. Györ huet de Match geréiert a wéineg hannen ubrenne gelooss. Doriwwer eraus hat een am Gefill, ewéi wann déi Biisser och schonns mam Match ofgeschloss haten. Wuel hate si nach e puer Schëss a Richtung ungaresche Gol, allerdéngs waren dës nëmmen hallefhäerzeg. Esou si se entweder wäit laanscht oder iwwert de Gol gaangen oder de Petrás konnt d'Bäll ouni gréisser Méien opfänken. Györ huet nëmmen nach op Kontere gelauert, esou wéi an der 74. Minutt, wou de Ball um Enn beim Vitális gelant ass, deen aus gutt 20 Meter ofgezunn huet. Säi Schoss war allerdéngs ze zentral, soudatt den Dupire de Ball hale konnt. Mä d'Biisser sollte sech um Enn awer fir hir Méien an hir Versich, e Gol ze markéieren belounen. An der 75. Minutt huet de Correia den Abi schéin an Zeen gesat, deen dunn an de Strofraum gedribbelt ass an de Ball iwwert de Petrás gehuewen an de Score op 2:4 gesat huet. Deemno konnten déi zwee bescht Biisser op dësem Owend jeeweils ee Gol markéieren, mä eppes änneren, un der Biisser Defaite, sollten dës Goler allerdéngs näischt méi, am Géigendeel. An der Schlussphas sollten d'Ungaren nämlech och nach eng weider Kéiere markéieren. No engem Corner konnten déi Biisser de Ball net richteg klären, soudatt dëse beim Dukanović gelant ass, deen de Ball artistesch kontrolléiert an doropshin ouni mat der Wimper ze zécken am Gol zum 5:2 ënnerbruecht huet. An der Nospillzäit sollt de Bánáti souguer nach op 6:2 erhéijen. Mat dësem Score sollt de Match dunn och op en Enn goen, woubäi déi Biisser an der 86. Minutt och nach eng Kéier d'Méiglechkeet haten, fir en drëtte Gol ze schéissen, allerdéngs konnt de Rodrigues da Cruz mat sengem Schoss just de Potto zum Wackele bréngen.
Biissen verléiert deemno den Allersmatch mat 2:6 géint den ungaresche Champion ETO FC Györ, soudatt d'Hypothéik fir de Réckmatch en Donneschdeg an enger Woch relativ héich ass an déi europäesch Kompetitioun fir déi Biisser wuel schonns no zwou Ronnen eriwwer wäert sinn.