Energieprimm435 Stéit, bei deenen d'Primm refuséiert gouf, krute se no Recalcul accordéiert

RTL Lëtzebuerg
Ënner anerem dat äntwert d'Ministesch Corinne Cahen op méi parlamentaresche Froen zum selwechten Thema.
© Shutterstock

Bis Enn September koume gutt 33.000 Demande beim Solidaritéitsfong era fir d’Allocation Vie Chère an d’Energieprimm. Knapp 22.400 Stéit kruten d’Prime énergie accordéiert. Vun dëse kruten 2.700 Menagë just déi genannte Primm an net d’Allocation Vie Chère.

No engem Recalcul hu 435 zousätzlech Stéit vun der Energieprimm profitéiert, bei deenen d’Demande an enger éischter Phas refuséiert gi war.

Well d’Demande grouss war, koum et zu gewëssen Delaien. Aktuell läit d’Waardezäit, bis d’Leeschtung ausbezuelt gëtt, bei engem bis zwee Méint.

Dës Zuele liwwert déi liberal Familljen- an Integratiounsministesch Corinne der Deputéiert vun “Déi Lénk” Myriam Cecchetti an dem Piraten-Deputéierte Marc Goergen. Béid Politiker hate via parlamentaresch Fro Detailer gefrot.

Back to Top
CIM LOGO