Bannent e puer Stonnen45 Policeinterventioune wéinst Kaméidi, Sträit oder soss Stéierungen

RTL Lëtzebuerg
Bei den Asätz wéinst ze vill Kaméidi konnt an de meeschte Fäll d'Situatioun direkt op der Plaz gekläert ginn.

Et goufen dann awer och eng Partie Ausernanersetzungen, sou z.B. géint 2 Auer um Samschdeg an der Kapuzinerstrooss. Hei waren zwou Persounen unenee geroden. Eng dovunner konnt spéider ugetraff ginn an huet d’Nuecht mussen am Passagearrest verbréngen, well se onkooperativ, aggressiv an dobäi nach alkoholiséiert war.

Iwwerfall e Freideg am fréien Owend op der Place de la Constitutioun, also an der Géigend vum Chrëschtmaart. Eng Persoun gouf géint 18.30 Auer vun e puer Täter attackéiert. De Smartphone gouf geklaut. D’Affer gouf um Fouss blesséiert a koum an d’Spidol. D’Ermëttlunge lafen.

Back to Top
CIM LOGO