CGDIS5 Accidenter mat 9 Blesséierten, 2 Mol koum de Samu an den Asaz

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg géint 1.30 Auer gouf et 5 Blesséierter bei engem Accident op der Collectrice du Sud tëscht Keel a Schëffleng.

Zwee Autoe waren do aneneegerannt. Nieft 3 Ambulanzen an 2 Rettungscorpsen war och de Samu vun Esch op der Plaz.

De CGDIS mellt dann zwee Verwonnter e Freideg den Owend géint 22.40 Auer och op der Collectrice du Sud. En Auto war tëscht Éilereng an dem Tunnel Aessen op d’Kopp geroden. Och hei waren Ambulanz a Samu am Asaz.

Um 1.30 Auer an der Nuecht op e Samschdeg war en Auto op der Escher Autobunn an der Bretelle a Richtung Areler Autobunn an d’Leitplanke gaangen. Et gouf kee blesséiert.

Um 4.45 Auer de Samschdeg de Moie war e Won an e Bam gerannt, dat tëscht Kielen an dem Quatre-Vents. Eng Persoun gouf verwonnt.

Ee Blesséierten och wéinst villem Damp an engem Haus, dat zu Dummeldeng an der Iechternacher Strooss eidelt steet. Dat war e Freideg den Owend um 21.50 Auer.

Zu Suessem gouf et de Samschdeg de Moien um 9.40 Auer en Accident mat 2 Autoen, dat mellt den 112. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert.

Da goufen an der Nuecht op e Samschdeg och 6 Leit protokolléiert, déi ze vill gedronk haten. Een dovunner hat géint 1.30 Auer och en Accident um Croix de Gasperich. Bei 4 Leit war de Fürerschäin fort.

Back to Top
CIM LOGO