CGDIS5 Blesséierter bei 3 Accidenter e Mëttwoch den Owend

RTL Lëtzebuerg
Géint 10.25 Auer sinn zu Bartreng an der Lonkescher Strooss 2 Autoen anenee geknuppt. 1 Persoun gouf heibäi blesséiert.
© CGDIS

An och an der Escher Strooss zu Hollerech si géint 22.30 Auer zwee Autoen aneneegerannt. Hei goufen zwou Persounen verwonnt.

Kuerz viru 17 Auer war da schonn eng Kollisioun tëscht 2 Autoen op der A7 Richtung Norden, tëscht dem Mierscherbierg a Colmer-Bierg. Och hei goufen 2 Persoune verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO