
Et war kuerz no 18 Auer, wéi zu Märel an der Lonkecher Strooss e Moto an en Auto net laanschtenee komm sinn. Eng Persoun gouf blesséiert. D'Pompjeeën an d'Ambulanz aus der Stad waren op der Plaz.
Géint 18.35 Auer goufen an der Bastnicherstrooss am Pommerlach direkt zwou Persoune vun engem Auto ugestouss, déi grad iwwert den Zebrasträife gaange sinn. Déi zwou Persoune goufe bei deem Accident liicht blesséiert. D'Ambulanze vu Wolz a Rammerech waren op der Plaz, grad ewéi d'Pompjeeë vu Wanseler a Wolz.
Kuerz no 21.30 Auer huet et dunn nach zu Uewerkuer an der Bielesser Strooss gerabbelt. En Automobilist war a Richtung Bieles ënnerwee, wéi hien op der Géigespuer en Auto ze pake krut, deen dunn an e geparkten Auto geschleidert gouf. De schëllege Chauffer hat ze vill Alkohol am Blutt a säi Fürerschäin gouf agezunn. Béid Chauffere goufe verwonnt. D'Secouriste vu Suessem-Déifferdeng hu sech ëm si gekëmmert.
E Méindeg de Moie gouf et dann nach en Accident mat engem Blesséierten, nodeems tëscht Réiden an dem Hueschterter Potto an Automobilist mat sengem Gefier an e Bam gerannt ass. D'Ambulanz an d'Pompjeeë vu Réiden waren am Asaz.