
Esou hate sech géint 11.50 Auer am Rond-point Iergäertchen zwee Autoen ze pake kritt. Eng Persoun gouf hei blesséiert. D’ambulanz an d’Pompjeeën aus der Stad waren hei am Asaz.
Géint 14.35 Auer waren dann zwee Autoen an der Avenue Gaston Diderich um Belair aneneegerannt. D’Ambulanz aus der Stad a vun Diddeleng waren hei op der Plaz, fir sech ëm zwou blesséiert Persounen ze këmmeren, grad ewéi d’Pompjeeën aus der Stad.
Um 15.56 Auer gouf et dann en Accident mat zwee Autoen zu Péiteng an der Rue Gillardin. Och hei goufen et zwee Blesséierter. D’ambulanz vu Péiteng an aus dem Asazzenter Sadiff waren op der Plaz. Och d’Pompjeeën aus dësem Asazenter waren am Asaz.