
E Freideg den Owend an an der Nuecht op e Samschdeg huet d'Police zwou Persounen ugehalen, déi ze vill Alkohol consomméiert haten an duerch hire Fuerstil opgefall sinn.
Géint 22 Auer e Freideg den Owend war e Chauffer gemellt ginn, deen op der Tréierer Autobunn opfälleg lues a Richtung Nordstrooss ënnerwee war. Den Auto konnt um Mierscherbierg ugehale ginn. De Chauffer hat ze vill gedronk a krut de Permis ofgeholl.
Ze séier an am Zickzack ënnerwee war eng Persoun, déi géint 1 Auer an der Nuecht op e Samschdeg mam Auto zu Féiz gesi gouf. Och hei war den Alkoholtest positiv. De Chauffer krut e provisorescht Fuerverbuet an hiren Auto gouf ofgeschleeft.