
Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Am Asaz waren d'Dikrecher Ambulanz a Pompjeeën.
Och um CR138 tëscht Bech a Berbuerg ass en Automobilist an e Bam gerannt. De Bilan ass 1 Blesséierten. D'Pompjeeë vu Konsdref an d'Iechternacher Ambulanz waren op der Plaz.
E Freideg den Owend géint 19.45 Auer ass e Gefier zu Munneref an der Avenue Frantz Clement accidentéiert. Bei der Kollisioun gouf 1 Persoun verwonnt. Sur place war d'Ambulanz vu Réimech an d'Pompjeeë vu Munneref.
An der Nuecht op e Samschdeg sinn an der Route de Bastogne zu Nidderfeelen 2 Autoen net laanschtenee komm. De CGDIS mellt hei 2 Blesséierter. D'Ambulanz aus der Fiels a vu Réiden wéi och d'Pompjeeë vu Feelen waren am Asaz.