CGDIS mellt5 Blesséierter op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Wéi aus dem 112-Bulletin ervirgeet, koum et e Mëttwoch den Owend zu zwee Accidenter mat am Ganze 5 blesséierte Persounen.

Zu Diddeleng op der Gymnich-Plaz ass e Mëttwoch géint 17.30 Auer een Auto an e Motto gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert. Am Asaz waren d’Rettungsdéngschter vun Diddeleng a Beetebuerg.

Géint 18.30 Auer mellt de CGDIS nach e gréissert Accident zu Fréiseng an der Rue Robert Schumann. 3 Autoe sinn do aneneegerannt a 4 Leit goufe blesséiert. D’Pompjeeë vun Uespelt a Fréiseng waren op der Plaz, grad ewéi d’Ambulanciere vu Beetebuerg, Diddeleng an Esch.

En Donneschdeg de Moie goufen d’CGDIS-Ekippe vu Mäertert a Menster wéinst engem Accident mat engem Blesséierten an d’Lëtzebuerger Strooss zu Bierg geruff.

Donieft si kuerz virun 9 Auer um CR186 tëscht der Kockelscheier a Beetebuerg zwee Autoen accidentéiert. Och hei gouf et ee Blesséierten. D’Rettungsdéngschter aus der Stad waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO