
An der ieweschter Divisioun vum nationale Futtball-Championnat stoung e Mëttwoch den Owend de kompletten 8. Spilldag um Programm. Am Spëtzematch vum Spilldag gouf et een 0:0 tëscht Nidderkuer an dem Racing. Donieft goufen et souverän Heemvictoirë fir Stroossen, Biissen an Déifferdeng, wärend Käerjeng sech 4:2 zu Diddeleng duerchgesat huet. Dann huet Walfer nach Munneref geklappt, Rouspert an Ettelbréck hu sech d'Punkte gedeelt an och Hueschtert an d'Jeunesse hunn 1:1 gläichgespillt.
Am Match-Phare tëscht Nidderkuer an dem Stater Racing hunn déi 624 Spectateuren am Stade Jos Haupert eng animéiert éischt Hallschent gesinn, an där eigentlech nëmmen d'Goler gefeelt hunn. An engem Match op Aenhéicht hat de Progrès déi besser Occasiounen, ma de Racing huet sech kengesfalls verstoppt an ass och ëmmer nees geféierlech virum Gol opgedaucht. Bei béiden Ekippen huet et awer am leschten Drëttel nach u Prezisioun gefeelt, soudass et mat 0:0 an d'Kabinne goung. No der Paus war et weider en ausgeglachene Match, an deem et allerdéngs net méi allze vill geféierlech Aktiounen an de Strofraim gouf. Virun allem de Progrès huet sech géint eng kompakt Stater Defense schwéier gedoen an et waren och d'Gäscht, déi dem decisive Gol an der Schlussphas méi no waren. Um Enn ass et awer beim 0:0 bliwwen, woumat de Racing als 4. ee Punkt virum Progrès op Plaz 5 bleift.
Käerjeng hat auswäerts zu Diddeleng de bessere Start erwëscht a konnt schonn no 5 Minutten duerch de Gerson a Féierung goen, deen de Ball no engem Corner akrobatesch hannert d'Linn kritt huet. Den F91 huet sech offensiv schwéier gedoen an op der anerer Säit war et den Dieye, deen an der 29. Spillminutt op 2:0 erhéicht huet. Bei der Lokalekipp ass zwar och an der Suite net vill zesummegelaf, kuerz virum Säitewiessel konnt de Göttlicher trotzdeem no engem Corner verkierzen. Knapp 10 Minutten no der Paus huet den Oli Thill den alen Ofstand nees hiergestallt, d'Lokalekipp ass awer duerch ee vum Moussaki verwandelten Eelefmeter nees op ee Gol erukomm. An de leschte Minutten huet den F91 op den 3:3 gedréckt, ma de Correia Mendes sollt ee Käerjenger Schoss onglécklech zum 2:4 an den eegene Gol deviéieren an domat fir d'Entscheedung suergen.
Stroossen huet sech 2:0 géint den Opsteiger Rëmeleng behaapt a läit domat weider ouni Punktverloscht un der Spëtzt vun der Tabell. No enger roueger Ufanksphas ass d'UNA mat der éischter richteger Golchance no enger hallwer Stonn duerch de Gueye a Féierung gaangen. Béid Formatioune stoungen defensiv gutt a sinn esou just seelen zu kloren Occasioune komm. Den Tabelleleader hat de Match awer am Grëff an huet sech dunn och effizient gewisen. Ronn 20 Minutte viru Schluss huet den Natami op 2:0 erhéicht, wourop d'Visiteure bis zum Schluss keng Äntwert méi fonnt hunn.
Wooltz kann den Negativtrend och zu Biissen net stoppen a verléiert auswäerts beim Champion 2:4. No tëschenzäitlecher 3:0-Féierung fir déi Biisser ass den Opsteiger nach eemol op ee Gol erukomm, um Enn sollt et awer net fir ee Punkt duergoen.
Am Kellerduell um Rousperter Camping hunn d'Victoria an den Opsteiger Ettelbréck sech mat engem 1:1 d'Punkte gedeelt. Béid Ekippe hunn domat nom 8. Spilldag 5 Punkten um Kont.
Déifferdeng huet doheem géint den Tabelleleschten Hesper näischt ubrenne gelooss a sech souverän mat 3:0 duerchgesat.
No Réckstand huet Walfer d'Partie géint Munneref gedréint a konnt sech um Enn 2:1 behaapten. No 6 Victoiren aus den éischte 6 Matcher ass et domat déi 2. Defaite hannertenee fir d'Munnerefer, déi elo 3 Punkten hannert Déifferdeng op Plaz 3 leien.
Am Gréngewald gouf et dann nach een 1:1 tëscht Hueschtert an der Jeunesse.
Elo geet et fir d'BGL Ligue an eng länger Paus. Dëse Weekend gëtt den 2. Tour vun der Coupe gespillt, ier dann eng Lännermatchpaus vu knapp 3 Wochen usteet.
Klickt op de Match, fir op de Replay an de Liveticker ze kommen.