Waasserverwaltung confirméiertZu Buerschent soll op kee Fall d'Waasser aus dem Krunn gedronk ginn

RTL Lëtzebuerg
Wéi et am Schreiwes vun der Gemeng heescht, wier bei Analysen erauskomm, dass d'Drénkwaasser hei vu "schlechter bakteriologescher Qualitéit" wier.
© RTL

Wéi d'Gemeng Buerschent en Donneschdeg am spéide Nomëtteg matdeelt, hätt een Analyse-Resultater vum Laboratoire vun der Waasserverwaltung kritt, déi weise géifen, dass d'Drénkwaasser am Reseau vu Buerschent vu "schlechter bakteriologescher Qualitéit" wier. Weider gëtt präziséiert, dass d'Waasser domadder net den aktuellen Normen entsprécht, fir dass d'Waasser fir de Mënsch drénkbar ass.

Fir eventuell Risken z'evitéieren, ginn d'Awunner vu Buerschent opgefuerdert, kee Krunnewaasser direkt aus dem Krunn ze drénken, a wann dach, et da virdrun zwou Minutten ofzekachen. Dëst muss och gemaach ginn, wann een d'Waasser wëll benotzen, fir Iessen ze preparéieren. Iesswueren déi réi giess ginn, wéi Zalot, Geméis oder Uebst, sollen op kee Fall mat Krunnewaasser gewäsch ginn.

Weider heescht et, dass de Labo wäert weider Analysen duerchféieren, fir d'Qualitéit vum Drénkwaasser z'iwwerpréiwen. Zesumme mat den zoustännege Servicer vun der Gemeng géif een elo alles ënnerhuelen, fir d'Qualitéit vum Drénkwaasser an der Gemeng sou séier wéi méiglech nees hierzestellen.

Soubal d'Gemengeverwaltung vu Buerschent vum Laboratoire doriwwer informéiert gëtt, datt d’Qualitéit vum Drénkwaasser sech nees normaliséiert huet, géifen d'Awunner direkt informéiert ginn, heescht et weider am Schreiwes.

Hei d'Schreiwes vun der Gemeng Buerschent
Matdeelung iwwer Restriktiounen fir den Drénkwaassergebrauch<br><br>

Back to Top
CIM LOGO