Uechtert Land5 Bränn vun en Donneschdeg op e Freideg

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt huet et direkt fënnef Mol a Wunnhaiser a Residenzen uechtert d'Land gebrannt. Nëmmen eng Persoun gouf dobäi liicht blesséiert.
police, auto, 112, pompjee, pompiers, feuerwehr, abroch, feier
police, auto, 112, pompjee, pompiers, feuerwehr, abroch, feier
© RTL Archiv

En Donneschdeg kuerz virun 22 Auer stoung zu Lenzweiler Op der Sang eng Maschinn a Brand. Am Asaz waren d’Ambulanz vu Clierf an d’Pompjeeë vu Clierf a Wëntger.

Um 22 Auer huet et zu Helsem an der Rue de l’Armistice an engem Keller vun enger Residenz gebrannt. D’Pompjeeë vu Luerenzweiler an aus der Stad souwéi de Rettungsdéngscht aus der Stad waren op der Plaz.

Zu Weiler zum Tuer an der Rue de Hassel war e Brand am Heizungskeller vun enger Residenz ausgebrach, konnt awer vun de Pompjeeë vu Weiler zum Tuer, Beetebuerg a Réiser geläscht ginn. Och d’Ambulanz vu Réiser war op der Plaz, et gouf awer kee Blesséierten.

E weidert Feier war kuerz virun 23 Auer um Houwald an der Ceinture des Rosiers an enger Kichen ausgebrach. D’Pompjeeën aus der Stad waren am Asaz.

Och zu Schëffleng an der Avenue de la Libération hat et am Keller vun enger Residenz gebrannt. Eng Persoun gouf liicht blesséiert a vun den Ambulanze vun Esch a Suessem-Déifferdeng versuergt. De Brand gouf vun de Pompjeeë vun Schëffleng an Esch geläscht.

Um Freideg de Moie géint 9.15 Auer hat et zu Bäerdref an der Rue Raymond Petit an engem Kamäin gebrannt. Op der Plaz am Asaz waren d’Pompjeeë vu Bäerdref a Konsdref.

Back to Top
CIM LOGO