Koreakrich5 Lëtzebuerger goufen um Härebierg geéiert

RTL Lëtzebuerg
85 Lëtzebuerger hunn tëscht 1950 an 1953 am Koreakrich gekämpft. Fir eis deemools jonk Arméi war dat deen éischten Asaz bei enger internationaler Missioun.
Koreakrich: 5 Lëtzebuerger goufen um Härebierg geéiert
85 Lëtzebuerger hunn tëscht 1950 an 1953 am Koreakrich gekämpft. Fir eis deemools jonk Arméi war dat deen éischten Asaz bei enger internationaler Missioun.

E Mëttwoch goufe 5 Lëtzebuerger Veterane geéiert, déi tëschent 1950 an 1953, zesumme mat 80 anere Lëtzebuerger am Koreakrich am Asaz waren a sech fir d’Fräiheet vun de Südkoreaner agesat hunn. En Engagement, dee bis haut enorm a Südkorea geschat gëtt, wéi de Generol Steve Thull, de Chef d’Etat Major vun der Arméi rezent vun den Autoritéite vun do confirméiert krut.

Commemoratioun Koreakrich / Reportage Dany Rasqué

Fir de 70. Anniversaire vum Lëtzebuerger Asaz war e Mëttwoch eng Zeremonie um Härebierg an do huet de Vize-Premier a Verdeedegungsminister François Bausch Parallelle mam aktuelle Krich an der Ukrain gezunn.
Et kéint een d’Ukrain a Korea net matenee vergläichen, mä déi zwee Konflikter hätten eng Rei Gemeinsamkeeten. Eng huet de François Bausch besonnesch ervirgestrach.“A béide Konflikter hu jonk Leit hiert Liewe riskéiert a gelooss, fir sech fir eis Valeure vun Demokratie a Fräiheet anzesetzen. Nom Ausbroch vum Koreakrich, de 25. Juni 1950 huet den UNO-Sécherheetsrot gefrot, fir Militärkontingenter op d’Been ze stellen an esou der kommunistescher Invasioun eppes entgéintzesetzen. 21 Länner, dorënner och Lëtzebuerg, hu militäresch, medezinesch an och wirtschaftlech Hëllef ugebueden.”85 Lëtzebuerger waren un der Säit vun der Belsch an Ostasien am Asaz. Zwee vun hinne si wärend där Missioun ëm d’Liewe koum, 17 goufe blesséiert.D’Arméi war houfreg, datt der 5 vun hinnen op der Zeremonie zu Dikrech dobäi waren. Physesch, virtuell oder vun enger anerer Persoun vertrueden. De Chef d’Etat Major, de Generol Steve Thull.“Dir Häre Veteranen, Dir sidd net nëmme Pionéier wat d’Participatioun vu Lëtzebuerger Zaldoten u Friddensmissiounen ugeet, mä virun allem sidd Dir Virbiller fir eist Militär a punkto Engagement, Determinatioun a Courage. Ouni Zweiwel sidd Dir Deel vum Stolz vun der Lëtzebuerger Arméi.”Fir hiren Déngscht am Interêt vun der Arméi goufen d’Veterane mam Titel vum Caporal d’honneur ausgezeechent. Eng Unerkennung iwwert déi si sech freeën, wéi e vun deene 5 Männer, de Jean-Michel Clement sot.“Dat ass eng grouss Éier, esou eppes hu mer virdrun ni kannt.”Paff war och de Léon Moyen, deen 1956 a Kanada ausgewandert ass an elo mat Suerg op de russeschen Iwwerfall an der Ukrain kuckt.“Et ass ganz seriö. Ech vergläichen et mat 1939, mam Hitler. Ech maache mer Suergen. Ech hu keng Angscht, net a mengem Alter, mä et ass eescht, ganz eescht an ech weess net wéi en Enn dat kritt.”Eng Suerg, déi vill Leit op der ganzer Welt mam Veteran deelen. Ëm säin Asaz an dee vun deene 84 anere Lëtzebuerger geet et iwweregens och op enger Ausstellung am Militärmusée, déi an den nächsten Deeg opgeet a bis de Mäerz dat anert Joer dauert.

Offiziellt Schreiwes

Séance académique à l’occasion de la commémoration de la participation de contingents luxembourgeois à la Guerre de Corée (17.03.2022)

Communiqué par : état-major de l’armée

En date du 17 mars 2022 a eu lieu une séance académique à l’occasion de la commémoration de la participation de contingents luxembourgeois à la Guerre de Corée.

La séance a eu lieu au centre militaire à Diekirch en présence du ministre de la défense, vice premier ministre, Monsieur François Bausch et de 5 vétérans ayant combattu en Corée.

Lors de cette cérémonie, ces vétérans et leurs membres de famille, des représentants de l’Armée luxembourgeoise et des représentants de la Luxembourg Korean Association ont rendu hommage aux 85 volontaires luxembourgeois ayant participé à la guerre de Corée (25 juin 1950 – 27 juillet 1953).

Après le dépôt de gerbes, Place du Souvenir, le Général Steve Thull et le Ministre de la défense François Bausch ont remercié les vétérans et ont souligné que les volontaires de la Guerre de Corée ont déjà à l’époque su vivre des valeurs qui maintenant sont inscrites dans la charte des valeurs de l’Armée. « Les 85 jeunes luxembourgeois qui ont combattu en Corée étaient prêts à risquer leur vie pour la liberté et la démocratie d’un pays qui n’était même pas le leur. Deux y ont laissé leur vie. Nous leur devons tout notre respect. » a estimé François Bausch.

Le Général Steve Thull a également rappelé qu’au centre militaire la ‘’Rue des Combattants de Corée 1951-1953’’ existe en l’honneur des volontaires luxembourgeois servant au sein des deux contingents des Forces des Nations Unies et deux pavillons sont nommés en mémoire des deux soldats décédés au combat.

La distinction de « Caporal d’Honneur » a été remise aux cinq vétérans.

Pour conclure la cérémonie M. Benoît Niederkorn, directeur du Musée National d’Histoire Militaire a esquissé le cadre politique qui est à l’origine de cette guerre et a fourni des détails historiques quant à la participation luxembourgeoise.

Back to Top
CIM LOGO