Vegetatiounsbränn5 Mol huet et wéinst de Hëtzt vun e Freideg op e Samschdeg gebrannt

RTL Lëtzebuerg
5 Vegetatiounsbränn mellt den 112 zanter e Freideg den Owend.

Zu Duelem huet kuerz viru 5 Auer e Feld gebrannt. Zu Draufelt hat Gestrëpps Feier gefaangen.

Zu Kauneref huet et no hallwer 10 op engem Feld gebrannt.

Hënt géint 2 Auer war zu Gouschteng eng Bott, déi gebrannt huet, gemellt ginn. An um 20 op 2 waren direkt 4 Pompjeescorpsen zu Uewersyren am Asaz. Hei haten och Botte Feier gefaangen.

Back to Top
CIM LOGO