
Am Juli goufen dowéinst um Stater Geriicht 7 Männer zu feste Prisongsstrofe vun tëscht engem a 6 Joer verurteelt; hinne waren am Ganzen 88 Abréch queesch duerch d'Land virgehäit ginn. Vun deenen Abréch waren Hoteller, Restauranten, Caféen, Butteker, Firmaen a Privathaiser viséiert. Ënnert dem Stréch hat d'Police finanzielle Schued vu bal 170.000 € ausgemaach. 5 vun de Condamnéierten hu géint dat 1. Urteel Appell gemaach.
Si wären nëmme fir d'Hallschent vun den zréckbehalene Faite responsabel. Wéinst Saache verurteelt ginn, déi si net gemaach hätten, hätten näischt mat den Abréch ze dinn. Si hätte just eng Faveur gemaach a wéissten net, firwat de presuméierten Haaptbeschëllegte si mat eragezunn hätt, sote si en Dënschdeg. Dee presuméierten Haaptbeschëllegten, deen an 1. Instanz 8 Joer Prisong, 3 dovu mat Sursis, kritt hat, huet iwwregens keen Appell gemaach. Hie gouf en Dënschdeg awer v.a. vun engem Condamnéierte belaascht - hien hätt deen nämlech ugeschmiert.
Virun deem Hannergrond hunn zwee Affekoten de Fräisproch vun hire Cliente gefuerdert, een eng Strof mat Sursis an een eng manner héich Strof. De Me Knaff sot, bei sengem Mandant wären déi 1. Riichter ze wäit gaangen, andeems si hien op Grond vun der Lokalisatioun vum Handy zu Saache verurteelt hätten, déi hien net gemaach hätt.
Dat 1. Urteel misst an deem Sënn reforméiert ginn. Dem Me Says no wär säi Client ëmmer guttgleeweg gewiescht, vläicht e bëssen naiv; vun den Infraktiounen hätt de Mann allzäit näischt matkritt. De Me Daniel Cravatte huet betount, säi Mandant wär just wéinst engem Fait an engem Stater Hotel geklaakt ginn. Dobäi wär et nach net emol erwisen, dass de Mann iwwerhaapt do gewiescht wär. Fir de Me Veneau dann hätt säi Client dem Haaptbeschëllegte säin Auto iwwerlooss a wéinst senger finanzieller Situatioun bei den Abréch matgemaach, wouropshin d'Presidentin vum Geriicht gemengt huet: „Hien huet awer matgemaach!"
Dëse Prozess dierft e Freiden op en Enn kommen.