Kontroll vu Police an Douane50 Kilo ofgelafe Liewensmëttel a Betriber entdeckt an entsuergt

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Mëtteg huet d'Police, zesumme mat der Douane, eng grouss Kontroll am Garer Quartier an der Stad an zu Bouneweg duerchgefouert.

Ënnert anerem goufen heibäi zwee Betriber kontrolléiert, bei deene sech erausgestallt huet, dass dës keng Autorisation de commerce haten. Boergeld dat fonnt gouf, ass séchergestallt ginn.

Dobäi komme ronn 50 Kilo u Liewensmëttel, déi ofgelaf waren an hu missen entsuergt ginn. Bei de Kontrolle goufen och zwou Persounen ugetraff, déi net richteg am Betrib ugestallt waren. Déi zoustänneg Autoritéiten hunn déi erfuerderlech Mesuren ageleet, déi Responsabel goufe protokolléiert.

Bei der Kontroll waren am Ganzen 12 Beamte bedeelegt.

Back to Top
CIM LOGO