Garer Quartier an der StadZwee Verdächteger ware mat geklaute Bankkaarten ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Béid Persounen, déi an deem Kader verdächtegt ginn, goufe relativ séier lokaliséiert a festgeholl.
© AFP

An der Nuecht op e Freideg goufen der Police zwou Persoune gemellt, déi an engem Buttek am Garer Quartier versicht hunn, mat enger geklauter Bankkaart ze bezuelen. Ee vun de Verdächtege konnt kuerz drop vun enger Patrull vun der Police gestoppt ginn. Deen zweete Verdächtegen ass ufanks Richtung Avenue de la Liberté gaangen, konnt awer, no enger Sich vun der Police, an der Stroossbuerger Strooss gestoppt ginn.

Wéi d'Persoun duerchsicht gouf, huet d'Police direkt e puer Bankkaarten bei hir entdeckt. Bei Ermëttlunge koum eraus, dass den Auto vum Proprietär vun de Kaarten am Virfeld duerchsicht gouf. D'Kaarte goufe séchergestallt an d'Police huet dem richtege Besëtzer dës nees erëm ginn.

D'Ermëttlunge lafen, d'Persoune goufe protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO