
D'Gemeng Esch-Sauer informéiert, dass wéinst der aktueller Dréchent duerch d'Hëtzt an dem domat verbonnene staarke Brandrisiko, d'Benotze vu Griller op de Plagë ronderëm de Stauséi vun elo u verbueden ass. Och Feier maachen ass net erlaabt. D'Leit gi säitens der Gemeng opgefuerdert, dës Reegelen anzehalen an all Verhalen ze evitéieren, dat potentiell e Feier kéint ausléisen.
Fir d'Sécherheet op de Plagen ze garantéieren, ass och an deem Kader zousätzlecht Sécherheetspersonal vun der Firma "Dussmann" op der Plaz, dat fir d'Leit ze informéieren a fir ze kucken, ob sech och effektiv un d'Reegele gehale gëtt.

Weider Mesurë, déi geplangt sinn, awer nach musse gepréift ginn, ass ënnert anerem d'Ofschleefe vu Gefierer, déi falsch geparkt sinn a sou ënner Ëmstänn de Wee vun de Rettungsdéngschter fir op de Site blockéieren.