Wreaths Across America5'000 Kränz fir den Amerikanesche Kierfecht

RTL Lëtzebuerg
Zu Hamm huet d’Organisatioun "Wreaths Across America" um Samschdeg 5'000 Kränz néiergeluecht, fir de verstuerwen Zaldoten aus dem 2. Weltkrich ze gedenken.
Wreaths Across America
Zu Hamm huet d’Organisatioun "Wreaths Across America" um Samschdeg 5'000 Kränz néiergeluecht, fir de verstuerwen Zaldoten aus dem 2. Weltkrich ze gedenken.

500 Fräiwëlleger hu bei där Aktioun gehollef. Déi Fräiwëlleg waren an der Haaptsaach US-Bierger, déi zu Lëtzebuerg an an den Nopeschlänner wunnen.

D’Organisatioun "Wreaths Across America", wat esouvill heescht wéi "Kränz uechter Amerika", gouf 1992 gegrënnt. Et ass eréischt di zweete Kéier, datt si dës Zeremonie baussent den USA ofhalen. Zejoert goufe Kränz an der Normandie néiergeluecht an dëst Joer ass de Choix op Lëtzebuerg gefall. Hannergrond ass de 75ten Anniversaire vun der Ardennenoffensiv.

Elleng dëst Joer gi ronderëm Chrëschtdag op 2100 Zaldotekierfechter am ganzen 2 Milliounen Arrangementer néiergeluecht. D’Kränz gi vu Privatleit an vun Entreprisen gesponsert. Ee Kranz kascht 15 Dollar.

Back to Top
CIM LOGO