
De Formatiouns-Observatoire, e Pôle d'activité vum INFPC, verëffentlecht déi lescht Resultater vun der Längsschnittstudie TEVA, Iwwergank Schoul - Beruffsliewen. Déi analyséiert Donnéeë bezéie sech op 1257 jonk Leit, déi am Kader vun der Formation initiale wärend dem Schouljoer 2013/2014 e komplette Parcours ofgeschloss haten, an déi an den éischten dräi Joer no hirer Entrée an d'Beruffsliewe bis an d'Joer 2017 suivéiert goufen. D'Ënnerscheeder um Karriärsufank vun dëse Jonke gi mat Bléck op hiren Diplom ënnersicht, dee si kruten, éier si an d'Beruffsliewen erageklomme sinn, oder net.
57 % vun den Diploméierte fannen direkt no der Schoul eng Aarbecht, bei den Net-Diploméierte sinn et 41 %. Déi Diploméiert kumuléieren an der Moyenne 28 Méint Schaffzäit an de 36 Méint, nodeems si d'Schoul verlooss hunn. Dësen Zäitraum läit bei den Net-Diploméierte bei 22 Méint.
Dräi Joer no der Schoul hunn 83 % vun den Diploméierten eng Aarbechtsplaz, bei den Net-Diploméierte sinn et 68 %. Déi Net-Diploméiert sinn zwee Mol méi heefeg vun engem Aarbechtsvertrag à durée déterminée betraff wéi déi Diploméiert.

An den éischten dräi Joer, nodeems si mat der Schoul ofgeschloss hunn, ass den Undeel vu de Männer mat Ofschloss, déi eng Aarbecht hunn, ëmmer méi grouss wéi dee vun de Frae mat Ofschloss. No 3 Joer schaffe 86 % vun den diploméierte Männer, bei den diploméierte Frae sinn et 79 %.
Deelzäitaarbecht ass bei de Männer mat Diplom no deem Zäitraum manner verbreet wéi bei de Fraen mat engem Ofschlossdiplom (6 % géint 19 %).
D'Remuneratioun vun den diploméierte Fraen ass dogéint mat där vun den diploméierte Männer vergläichbar.

D'Titulairë vun engem DAP / CATP si privilegiéiert. 68 % vun hinne fannen direkt no der Schoul eng éischt Aarbechtsplaz, bei den Titulairë vun engem CCP / CCM läit dëse Prozentsaz bei 55 % a bei den Techniciens diplômés (DT) bei 33 %.
Iwwer d'Hallschecht vun den Titulairë vun engem DAP / CATP an engem CCP / CCM ginn op hirer éischter Aarbechtsplaz mat engem Contrat à durée indéterminée (CDI) agestallt, bei den Titulairë vun engem DT läit dësen Undeel liicht iwwer engem Drëttel.
Dës lescht Kategorie huet e bësse méi Schwieregkeeten am Ufank vun hirem Parcours, rattrapéiert sech awer am Laf vun der Zäit. Esou klëmmt den Undeel vun den Titulairë vun engem DT, déi eng Aarbechtsplaz hunn, am Laf vum éischte Joer no der Schoul vun 33 % op 70 %. Des Weidere klëmmt den Undeel vu CDIe bei den erwerbstätegen Titulairë vun engem DT bannent dräi Joer ëm 31 Prozentpunkten.
Dräi Joer, nodeem si mat der Schoul fäerdeg sinn, hu 86 % vun den Titulairë vun engem DAP / CATP eng Aarbechtsplaz, géint 79 % respektiv 73 % vun den Titulairë vun engem DT an engem CCP / CCM. Bei dëser leschter Kategorie geet ee vun zéng Jonken nees zeréck an d'Schoul.
9/10 Titulairë vun engem DAP / CATP hunn e Contrat à durée indéterminée, géint 77 % vun den Titulairë vun engem DT a 75 % vun den Titulairë vun engem CCP / CCM.
All dës Erfollegsfacteuren an Ongläichheeten, déi um Niveau vun der berufflecher Insertioun festgestallt goufen, mussen am Kontext vum Handwierk oder vum Beruff, op dat bzw. deen déi Jonk wärend hirer Formatioun higeschafft hunn, moderéiert ginn.
Den interaktiven TEVA-Barometer dokumentéiert den Zougank zu der Aarbecht, jee no Handwierk a Beruff, opgrond vu 17 Indicateuren (www.teva-barometre.lu). E baséiert op der Analys vum Parcours vu 5.892 diploméierten "Primo-sortants" vun der Formation initiale iwwer sechs Generatiounen, tëschent de Schouljoren 2008/2009 an 2013/2014.