Op eise Stroossen6 Accidenter mat am Ganzen 9 Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Tëscht e Freideg den Owend 17.30 Auer an de Samschdeg de Moie mellt de CGDIS 9 Blesséierter op eise Stroossen.

Op der Streck tëscht Kënzeg a Miezeg ass e Freideg den Owend géint 17.30 Auer en Auto op d’Kopp gaangen. Heibäi gouf eng Persoun verwonnt.

Géint 19.30 Auer sinn tëscht Péiteng a Rolleng zwee Autoen net laanschtenee komm. Heibäi gouf et 2 Blesséierter. D’Police huet da Prezisiounen zum Accident an der Avenue de l’Europe zu Péiteng. Do war eng Persoun an enger Kollisioun tëscht 3 Autoen ageklemmt ginn an huet missten an d’Spidol bruecht ginn. Nodeems se op der Plaz noutversuergt gouf. Eng weider Persoun ass fir eng Kontroll an d’Klinik komm. De Miess- an Erkennungsdéngscht an d’Police judiciaire sollen elo ënnersichen, wéi et zum Accident komm ass. Duerfir goufen och op Uerder vum Parquet d’Autoe beschlagnaamt.

3 Blesséierter gouf et bei engem Accident mat zwee Gefierer géint 21 Auer e Freideg den Owend zu Miedernach.

Géint 23.30 Auer ass en Auto op der Streck tëscht Izeg a Conter de Rampli erofgerëtscht. Heibäi gouf eng Persoun verwonnt.

Tëscht Dikrech a Steeën gouf et géint 3.20 Auer de Samschdeg de Moien en Accident mat zwee Autoen an engem Blesséierten.

An zu Fréiseng ass de Samschdeg de Moie géint 4.30 Auer en Auto accidentéiert, woubäi eng Persoun blesséiert gouf.

Back to Top
CIM LOGO